VIDEO - Nei rar KannerkrankheetAustralesch Zelle ginn am Fuerschungszenter um Belval analyséiert
De Fuerschungszenter fir Bio-Medezin LCSB um Belval ass international unerkannt. Dowéinst ginn do elo australesch Zelle vu kranke Kanner ënnersicht.
Vum Pierre Weimerskirch (Télé), SaS (RTL.lu)
Zesumme mat Fuerscher aus dem Ausland huet een elo eng nei Kannerkrankheet entdeckt. Mat Fonge vum Fonds National de la Recherche soll dës Krankheet weider erfuerscht ginn. Bei de Kanner, déi vun dëser neie Krankheet betraff sinn, gouf an alle Fäll e bestëmmte modifizéierte Gen entdeckt. Zelle vun deene Kanner koume fir weider Analysen, agefruer aus Australien, op de Belval a ginn do am Detail analyséiert.

© RTL Télé Lëtzebuerg /Pierre Weimerskirch

© RTL Télé Lëtzebuerg /Pierre Weimerskirch

© RTL Télé Lëtzebuerg /Pierre Weimerskirch
« ZréckWeider »
Rar Krankheete besser oder iwwerhaapt verstoen, dat ass net esou einfach an awer huet d'Fuerschung hautdesdaags aner Méiglechkeeten, wei nach virun e puer Joer. De Lëtzebuerger Fuerschungszenter fir Bio-Medezin LCSB huet mat internationale Fuerscher elo eng nei Kannerkrankheet entdeckt, déi een an den nächste Joren besser wëll verstoen.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.