Uni: Fuerschung wëll Liewen no Hireschlag verbesseren

D'Liewen no engem Hireschlag verbesseren, dat probéiert grad eng Forschungsgrupp un der Uni Lëtzebuerg.

Zesumme mat aneren europäeschen Universitéite wëll si ee Gerät entwécklen, dat dem Patient hëllefe soll ganz einfach vun Doheem aus seng Gehirfunktiounen ze steigeren.

 Audio: Reportage vum Nathalie Delleré. »


D'Folge vun engem Hireschlag kënnen dacks ganz schlëmm sinn. Manner Beweegungsfräiheet, Depressioun a Problemer mat der Konzentratioun an dem Gediechtnes sinn nëmmen e puer Symptomer, mat deenen ee Patient no engem Hireschlag kann ze kämpfen hunn.

Normalerweis ginn d'Patienten, nodeems se d'Urgence an d'Spidol verlooss hunn, an de Rehazenter éiere se rëm Heem entlooss ginn. De Leeder vum Fuerschungsprojet CONTRAST, Claus Vögele, bedauert, dass dës 3 Beräicher net genuch matenee kombinéiert ginn. D'Fuerschung, déi nach ganz am Ufank steet, soll et de Patienten erlaben, einfach vun doheem aus hir Gehir duerch Feedbacker erëm op Trapp ze bréngen.

D'Fuerscher wëllen dofir ee Gerät entwécklen dat de Patient ewéi een Kopfhörer ganz einfach kann doheem benotzen. Hien interagéiert och mat engem Computer a kann doduerch seng Gehirstréim reguléieren erklärt d'Fuerscherin Simone Witzmann.

Dës Zort vu Behandlung mat Feedback'er gëtt et schonn zanter laangen an anere Beräicher mä ass an dësem Milieu nach eng Nouveautéit.

© AFP
D'Uni.lu kollaboréiert am Kader vun dësem europäesche Fuerschungsprojet mat aneren Universitéiten an Italien, Däitschland an Éisterräich. Hei zu Lëtzebuerg hunn sech d'Fuerscher op de Biofeedback spezialiséiert, duerch deen een ënnert anerem seng Selbstkontroll no engem Hireschlag verbessere kann.

D'Zesummenaarbecht mat den auslänneschen Unien, mä och mam Rehazenter um Kierchbierg leeft ganz gutt an et ka viraussiichtlech zum Enn vun dësem Joer mat den éischten Ënnersichungen ugefange ginn.

Et ass ee perséinlecht Uleies, dat de Professer Vögele dozou beweegt huet, d'Liewe vun de Hireschlag-Patiente wëllen ze verbesseren. No engem Hireschlag viru gutt 11 Joer hat säi Brudder nämlech net déi optimal Behandlung krut ...

De Fuerschungsprojet CONTRAST ass eng Nouveautéit a sengem Beräich, well en de Patienten net nëmme méi Autonomie bäi der Rehabilitatioun, mä och méi Hoffnung op eng laangfristeg Besserung versprécht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.