Horoskop vum Dag

06.06.2020

Waassermann

Fir Iech ass et e wichtegen Dag, wat d'Zukunft ugeet, sot bei enger Offer net Nee.

Fësch

Et géing Iech och eng Kéier gutt doen, fir net esou vill ëmzerappen. Maacht mol eng Paus!

Widder

Huelt Iech näischt fir den Owend vir, Dir fillt Iech nëmmen Doheem richteg wuel. An dat ass och vollkommen ok.

Stéier

Behaalt Är Problemer net fir Iech, mä sot, wat Dir um Häerze leien hutt.

Zwilling

Fir Iech gëtt et kee Glécks- a keen Onglécksdag, haut ass et fir Iech sou eppes dertëscht.

Kriibs

Mat de Gedanke sidd Dir schonn am Feierowend, an et ass net vill mat Iech unzefänken haut.

Léiw

Selbstbewosst, staark, iwwerzeegend a witzeg, mat dëser Mëschung geléngt Iech praktesch alles.

Jongfra

Iech geléngt esou zimmlech alles wat Dir upaakt, Dir sidd e richtegt Gléckskand.

Wo

Dir sidd haut e bëssen haseleg, briecht näischt iwwert de Knéi a maacht Iech net esou ee Stress.

Skorpioun

Dir fannt nëmme schwéier Rou, Dir sidd opgedréint wéi en Dillendapp a braucht Animatioun.

Schütze

Klappt Iech roueg mol eng Kéier selwer op d'Schëller, fir dat wat Dir bis elo erreecht hutt.

Steebock

Dir hutt Loscht Iech ze ameséieren. Freet Iech op e flotten Owend, deen Dir awer net bis an de leschten Detail sollt plangen.