Widder 21. Mäerz bis 20. Abrëll
De Widder huet et an den éischten Dagesstonne schwéier. Dir gidd méi séier midd wéi soss, deelt Iech Är Zäit also gutt an.

Stéier 21. Abrëll bis 20. Mee
De Stéier soll sech de Moien e bëssen zréckhalen. Dir kritt nämlech gären d'Wieder am Mond ëmgedréit, passt op.

Zwilling 21. Mee bis 21. Juni
Den Zwilling ka sech haut e puer Momenter huele fir sech ze sammlen a méi akribesch virzegoen. Organiséiert Iech besser.

Kriibs 22. Juni bis 22. Juli
De Kriibs ass sachlech, kloer a ganz gutt duerchorganiséiert, sou huet een Iech scho laang net méi gesinn. Maacht eppes draus.

Léiw 23. Juli bis 23. August
De Léiw leeft e bëssen am Réckgang an Iech falen eng ganz Partie Saachen an déi Dir nach net gemaach hutt. Loosst Iech net découragéieren.

Jongfra 24. August bis 23. September
D'Jongfra huet besser de Moien alles ënnert een Hutt ze kréien, da kënnt Dir wéinstens mat rouegem Gewëssen an de Feierowend klammen.

Wo 24. September bis 23. Oktober
D'Woo hëllt ganz vill Schwong mat op d'Aarbecht an dat ass och gutt wann Dir alles de Moie gemaach kritt, de Mëtteg fällt d'Energie an de Keller.

Skorpioun 24.Oktober bis 22. November
De Skorpioun genéisst de Stress de Moien, mä de Mëtteg kënnt Dir Iech guer net méi konzentréieren. Maacht lues da geet dat.

Schütze 23. November bis 21. Dezember
De Schütze huet ee vun de produktivsten Deeg vun der Woch. Dir schafft vill an dat geet Iech sou liicht wéi näischt vun der Hand.

Steebock 22. Dezember bis 20. Januar
De Steebock plot sech well e sech net vis-à-vis vun anere Mënschen duerchgesat kritt. Keng Angscht, d'Spannunge verschwannen de Mëtteg.

Wassermann 21. Januar bis 19. Februar
De Wassermann soll sech mol eng Kéier rëm eppes vergonnen, oder einfach generéiss mat senge Matmënsche sinn, dat mécht Freed.

Fësch 20. Februar bis 20. Mäerz
De Fësch mécht de Leit gären eppes vir. Mä domat beléit Dir Iech net nëmme selwer, mä och déi aner an dat ka Sträit ginn.