Bake mam CaroleMacaron Burger

Macaronen kennt jiddereen, se maachen ass schonn eng aner Saach.

Grond Rezept fir d’Macarons

250 gr Mandelpudder           
250 gr Pudderzocker
100 gr Eewäiss (1)
225 gr Zocker
60 gr Waasser
80 gr Eewäiss (2)
Sésamekären

Rezept:
Fir d‘éischt d’Mandelpudder an de Pudderzocker zesumme mëschen, dann den éischten Deel vum Eewäiss dobäi man an zu enger homogener Mass beaarbeschten. Den Zocker mam Waasser op 118°C opkachen loossen an op den zweeten Deel Eewäiss schëdden, puer Minutten am Batteur dréine loossen bis et bal ganz ofgekillt ass.

Die zwou Massen lues a lues mateneen vermëschen, „macaronnez“!


Klengen Tipp: Wann di geschmëschte Mass fäerdeg ass, mierkt een dorunner dass se ufänkt mat blénken. Op alle Fall net zevill an ze fest mëschen, soss gëtt et ze leefeg.


Dat Ganzt op engem Bakpabeier dresséiren an der Gréisst vun engem richtege Burger, 8-10cm Duerchmiesser. Zousätzlech e bësse Sésame driwerstrëen.

Bei 150°C ongeféier 12-14 Minutte lues bake loossen.

Schoklas Ganache

200 gr Ram
200 gr schwaarze Schockla
50 gr Botter

Rezept:
D’Ram opkache loossen an op de Schockla schëdden, mixen an als lescht de mëlle Botter dobäi man. Ofdecken an iwwer d’Nuecht an de Frigo stellen.

Mango’s Gelée

500 gr               Mango Püree
150 gr               Zocker
16 gr                Blieder Gelatine

Rezept:
De Mango Püree mam Zocker erhëtzen, vun der Kachplaque erofhuelen an d’Gelatine dobäi man.
Op eng Plaque schëdden an iwwer d’Nuecht ofkille loossen.

Hambiier „Ketchup“

250 gr               frësch Hambieren
70 gr                Pudderzocker
30 gr                Zitrounejus

Zesummensätzung:

Schockelas Ganache op di ënnescht Coque vum Macaron pochéiren, de Mangos Gelée quadratesch ausstiechen, op de Schockla dropleeën, zousätzlech Äerdbieren a Kiwien an dënn Scheiwe schneiden, wat ausgesi soll wei Tomaten a Cornichonen.
Zulescht nach den Deckel drop, e bësse „Ketchup“ doniewent, a fäerdeg!