Bake mam CaroleCaramels-Tartelette mat Macadamia Nëss
En Dessert dee grouss Welle schléit awer ganz liicht ze maachen ass.

Grond Rezept fir den Deeg
250 gr Miel
125 gr Botter
50 gr Pudderzocker
1 Eegiel
30 gr Waasser
Salz
Macadamia Nëss
Rezept:
D’Miel an de Botter zwëschen den Hänn verbröselen. De Pudderzocker dobäi ginn an nees mëschen, zousätzlech Eegiel, Waasser an eng Grimmel Salz dobäi man. Gutt duerchknätschen. An Plastiksfilm apaken an iwwer d’Nuecht roue loossen.
Den Deeg ausrullen an an d’Form leeën. Ab an den Uewen bei 180°C fir 7-8 Minutten.
Caramel
300 gr Zocker
300 gr Ram
100 gr Botter
Salz
Rezept:
Den Zocker lues a lues an der Casserolle schmëlzen a carameliséieren loossen, sou dass en hellbrong ass. Ofläsche mat der Ram, an akache loossen. Zousätzlech eng Prise Salz dobäi ginn.

Wichtegen Tipp: D’Ram muss waarm sinn, wann der se op de waarme Caramel schëdd!
Soulaang akachen loossen bis et gutt déckflësseg ass. D’Casserolle vun der Plaque erofhuelen, e bëssen ofkille loossen, a lues a lues de Botter drënner mixen.
Zesummesätzung
D’Macadamia Nëss kuerz kleng drécken an de kaalen Taartefond leeën a mat Caramel bedäcken. Ofkille loossen, a fäerdeg!
Vill Spaass beim Nobaken!
Mein perséinlechen Tipp:
Zousäetzlech bei de Caramel e bëssen Rosmarin man. Dat gëtt e richteg gudde Kontrast!

