Bake mam CaroleZweeërlee Fueskichelcher
Et ass geschwënn nees Fuesend an dobäi gehéieren natierlech d'Verwuerelter a Quarkbällecher!

Quarkbällecher
500 gr Wäisse Kéis
6 Eeër
300 gr Zocker
800 gr Miel
32 gr Bakpolver
50 gr Ram
Rezept:
De wäisse Kéis, d’Eeër, den Zocker an eng Schossel man a gutt mixen. Zum Schluss d’Miel an d’Hief dobäi man. Dono nach e klenge Schotz Ram dra schëdden.
Klengen Tipp: Natierlech kënnt Dir dat mat e bësse Vanille, Orangezesten oder Zitrounezesten oppeppen.
Gebak ginn d’Bällecher an der Friteuse, einfach mam Läffel kleng Bullen formen.

Verwuerelter
120 gr Botter
100 gr Zocker
5 gr Salz
4 Eeër
100 gr Ram
500 gr Miel
5 gr Bakpolver
Rezept:
Fir d’éischt de Botter, den Zocker, d’ Salz mëschen, dono d’Eeër an d’Ram dobäi man.
Zum Schluss d’Miel an den Bakpolver drënner mixen.
Am Frigo roue loossen, uschléissend ausrullen a kleng Kniet maachen.
An der Friteuse bei 160°C baken.

