Bake mam CaroleAlles Schockla ...

... oder "Millefeuille vun dräierlee Schockla"

Brownie Biscuit

200 gr donkele Schockla
200 gr Botter
4 Eeër
200 gr Zocker
100 gr Miel

Rezept:
De Schockla an de Botter zesumme schmëlze loossen. D’Eeër mam Zocker schaumeg schloen. De Schockla mam Botter gutt mëschen an bei d’Eeër schëdden. Gutt mixen an zum Schluss d’Miel dobäi man.

Den Deeg an eng Form schëdden an am Uewen op 180°C 10 min baken.


Klengen Tipp: Natierlech kann een dat ganzt nach mat Nëss oppeppen.


Schwarz Schoklasmousse

6 Eeër
50 gr Zocker
250 gr schwaarze Schockla
700 gr geschloe Ram

Rezept:
Den Zocker mat den Eeër mëschen, um Bain-marie waarm schloe bis 40°C, dono am Batteur kal schloe loossen, doduerch gëtt dat ganzt wonnerbar schaumeg, an Dir hutt keng réi Eeër an der Mousse, wat ëmmer zimlech kriddleg ass.

Dat ganzt mam Schockla mëschen an zum Schluss di geschloe Ram drënner hiewen.

Wann dat fäerdeg ass, schëtt dat ganzt op den ofgekilltene Biscuit Buedem, an de Frigo an ofkillen loossen.

Wäiss Schoklasmousse

5 Eegiel
50 gr Zocker
8 gr Gelatine
320 gr wäisse Schockla
600 gr geschloe Ram

Rezept:
Selwecht wéi bei der schwaarzer Mousse, d’Eeër waarm a kal schloen, zousätzlech awer nach Gelatine dobäi man.

Dann erëm de geschmolltene Schockla drënner mëschen an déi geschloen Ram.

Dann erëm déi Mousse op di aner Mousse schëdden an ofkillen loossen.


E puer Tipps fir dat ganzt anstänneg geschnidden ze kréien: De Kuch kuerz an den Tiefkühler maachen, an ufréire loossen. D’Messer waarm maachen an no all Schnatt propper maachen.