Bake mam CaroleÄerdbier – Häerz

D'Carole baakt eppes wat vun häerze kënnt!

Biscuit
4 Eeër
120 gr Zocker
120 gr Miel

Rezept:
D’Eeër mam Zocker um Bain-marie warmschloen bis 40°C, dono an de Mixer a schaumeg schloen loossen. D’Miel lues a lues drënner hiewen an an d’Bakform schëdden. Am Uewen bei 200°C 10-12min baken.
Eraushuelen an ofkille loossen.

Äerdbier Gelée
200 gr Äerdbier Purée
50 gr Zocker
10 gr Gelatine

Rezept:
En Deel vum Purée mam Zocker wiermen an d’Gelatine drënnerréieren. Dann dat ganzt mam rechtlechen Purée vermëschen an an eng méi kleng Häerzform fëllen. Am Tiefkühler fréieren loossen.

Äerdbier Mousse
500 gr Äerdbier Purée
100 gr Zocker
15 gr Gelatine
500 gr Geschloe Ram

Rezept:
En Deel vum Purée mam Zocker wiermen an d’Gelatine drënnerréieren. Dann dat ganzt mam rechtlechen Purée vermëschen, dann di geschloen Ram lues a lues drënner hiewen. D’Mousse dann op d’Gelée schëdden an och gutt ofkillen loossen.

Mascarpone Crème
200 gr Mascarpone
100 gr geschloen Ram
Vanille
Zesten vun Limetten

Sirop
100 gr Waasser
100 gr Zocker
200 gr Äerdbier Purée

Zesummesetzung:
De Biscuit aus der Form huelen an op den Plateau leeën. E bëssen Sirop driwwer pinselen. D’Mousse eraushuelen op den Biscuit leeën. D’Mascarpone Crème an eng Poche afëllen an ronderëm kleng Punkten sprëtzen.
Zu lescht nach mat Äerdbieren dekoréieren.

Natierlech kann jiddereen no sengem eegen Virstellungen dekoréieren.

Ech wënschen iech zousätzlech nach en ganzen schéinen Valentinsdag an e gudden Appetit.