Bake mam CaroleMokka Eclair
Wee kennt se net déi gutt Eclairen! Hutt Dir scho probéiert eng selwer ze maachen?

Fir den Deeg:
250 gr Mëllech
250 gr Waasser
10 gr Salz
20 gr Zocker
225 gr Botter
250 gr Miel
450 gr Eeër
Rezept:
D’Mëllech, d’Waasser, d’Salz, den Zocker an de Botter an eng Casserolle man an opkachen loossen. An engem Coup d’Miel dobäi man a gutt vermëschen. Dann zréck domat op d’Feier an „ofbrennen“. Dat heescht zirka 2min ënnert stännegem réieren erhëtzen.
Dat Ganzt dann an de Mixer man a schloe loossen. Loosst et ofkillen bis ongeféier 60°C a maacht dann d’Eeër lues a lues dobäi.
Den Deeg dierf net ze fest sinn, awer och net ze flësseg, wat méi Eeër, wat méi flësseg.
Sträife vun ongeféier 8cm Längt op eng Plaque opdresséieren. Dann an den Uewen 10min bei 200°C, dono nach weider 6-8min bei 180°C goe loossen.
Mokka Crème fir ze fëllen:
500 gr Mëllech
Mokka Extrakt oder en frëschen Espresso
40 gr Maizena
120 gr Eegiel
125 gr Zocker
Maizena mam Zocker an Eegiel vermëschen, d’Mëllech mam Café opkache loossen. Déi 2 Saachen mëschen an zréck an der Casserolle zum opkache bréngen. An eng Schossel man an am Frigo gutt ofkille loossen.
Wann d’Crème ofgekillt ass, kënnen mer d’Eclaire fëllen. Einfach op d’ënnescht Säit vun der Eclaire 1-2 Lächer man an d’Crème doranner sprëtzen.
Klengen Tipp: Wat Dir als Garnitur uewendrop maacht, as Iech fräi iwwerlooss. Als Beispill hunn ech eng Eclaire mat wäissem Fondant dekoréiert, di aner mat der Mokka Crème.
Vill Spaass beim baken.!

