Bake mam CaroleAlles ronderëm exotesch Friichten
Kokosnoss, Mango, Passiounsfriichten... eng exotesch Kombinatioun.

Kokos Biscuit:
190 gr Eewäiss
190 gr Zocker
160 gr Kokosnossrasplen
50 gr Miel
Rezept:
Eewäiss mam Zocker steif schloen, dann Kokosrasplen mam Miel ënnerhiewen.
Dat ganzt op e Blech verdeelen a bei 170°C am Uewen ongeféier 10-12min baken loossen. Eraushuelen, vum Blech erofhuelen an ofkille loossen.
Ananas Gelee:
500 gr Ananas Purée oder Jus
50 gr Zocker
20 gr Gelatine
Rezept:
Am beschten den Dag virdrun preparéieren dass et gutt fest ass. Gelatine an d’kaalt Waasser leeën. De Purée mam Zocker liicht erhëtzen an d’Gelatine dobäi man a gutt vermëschen. An eng Form afëllen dass et plus minus op 1-2cm Héicht ass. Ofkillen loossen.
Mangos Mousse:
500 gr Mango Gelée
80 gr Zocker
500 gr geschloe Ram
24 gr Gelatine
Rezept:
Gelatine an d’kaalt Waasser leeën. De Purée mam Zocker liicht erhëtzen an d’Gelatine dobäi man a gutt vermëschen. Zum Schluss di geschloe Ram ënnerhiewen.
Zesummesetzung: Huelt eng Form ärer Wiel a fänkt un d’Mangos Mousse anzefëllen bis op ¾. Da stiecht der de Gelée aus sou dass e gutt an d’Form passt, dat maacht der dann och mam Biscuit. Dann lee der de Gelée op d’Mousse an als läscht dann de Biscuit.
Dat ganzt loosst der dann am Frigo iwwert Nuecht ofkillen. Den nächsten Dag kënnt der dann är Mousse aus der Form oder aus dem Cader eraushuelen.
Dekoréieren kënnt der dat natierlech wéi der wëllt, ech hunn nach e puer Passiounsfriichten op meng Mousse gemat.
Vill Spaass beim baken.!

