Bake mam CaroleSchwarzwälder, emol anescht!

D'Schwarzwälder Kirschtorte gehéiert zu de wierklech gudden Desserten. D'Carole presentéiert seng speziell Variant!

Schokolas Biscuit
100 gr Eegiel
50 gr Eer
70 gr Zocker

50 gr Miel
50 gr Kakaospudder
25 gr geschmolte Botter

125 gr Eewäiss
50 gr Zocker
Kiischten

D’Eegiel mat den Eeër an dem Zocker schaumeg schloen. De Kakaospudder mam Miel siften a mat dem Botter zesummen ënnert d’Eeër mëschen. D’Eewäiss mam Zocker steif schloen an zum Schluss drënner hiewen. Dat ganzt an e Cader afëllen an e puer Kiischten driwwer streeën. Am Uewen bei 170°C ongeféier 10-12min baken. Wann de Biscuit fäerdeg ass, eraushuelen an mat e bësse Kirsch Likör bepinselen.

Cremeux
70 gr Ram
80 gr Mëllech
180 gr schwaarze Schokola
10 gr Gelatine
Vanille

Ram mat der Mëllech opkachen an op de Schokola mat der Gelatine schëdden. Gutt mixen an op den Cader mam schockelas Biscuit schëdden. Als läscht nach e puer Kiischten driwwer streeën.

Kirsch Crème
500 ml Ram
Puddezocker
Kirsch Likör

D’Ram gutt opschloen. Puddezocker an eng Schlupp Kirsch dobäi man.

Den Biscuit mam Cremeux an Tranche schneiden.
D’Kirsch Crème drop dresséieren, nach e bëssen dekoréieren, an voilà!