Bake mam CaroleTiramisu am Glas

Dei traditionell Tiramisu emol anescht presentéiert. Einfach, séier an natierlech mega lecker!

Mascarpone Creme
500 gr Mascarpone
80 gr Eegiel
150 gr Zocker
5 gr Gelatine
200 gr geschloe Ram
120 gr geschloen Eewäiss
Amaretto

Rezept:
Mascarpone mam Eegiel an Zocker mëschen. Gelatine an der Zäit am kale Waasser aweeschen. Paralell dozou d’Ram opschloen an och d’Eewäiss zu Schnéi schloen. Wann dat gemaach ass, e bësse Ram an der Casseroll erhëtzen an d’Gelatine doranner schmëlzen. Dat ganzt mat der Mascarpone Masse vermëschen. Di geschloe Ram drënner mëschen an zum Schluss de Schnéi. Dann nach mat e bëssen Amaretto verfeineren.

Biscuit
120 gr Eegiel
120 gr Eewäiss
125 gr Zocker
70 gr Maizena
60 gr Miel
Pudderzocker

Rezept:

D’Eegiel mam Zocker schaumeg réieren an d’Eewäiss zu Schnéi schloen. Dann déi zwou Massen vermëschen. De Maizena mam Miel sifften a lues drënner mëschen.

An eng Sprëtzpoche fëllen an op den agefettene Blech dresséieren, ça 6cm a mat genuch Sputt derzwëschent.

Bei 200°C 10-12 min baken.


Klengen Tipp:Wann de Biscuit nach waarm ass, am Zocker wälzen, doduerch bleiwen se schéi knausereg. Ofkille loossen, an dann nach eng Kéier matt Pudderzocker bestreeën.

Natierlech kann een awer och de Biscuit am Supermarché ganz einfach kafen!