Bake mam CaroleSchocklas Dôme mat Passiounsfruucht Käre

En Dessert deen erausfuerdert! Net sou einfach awer dofir dowäert!

Schwarz Schoklasmousse
6 Eeër
50 gr Zocker
250 gr schwaarze Schockla
700 gr geschloe Ram

Den Zocker mat den Eeër mëschen, am Bain-marie waarm schloe bis 40°C, dono am Batteur kal schloe loossen, doduerch gëtt dat ganzt wonnerbar schaumeg, an Dir hutt keng réi Eeër an der Mousse, wat ëmmer zimlech kriddleg ass.
Dat ganzt mam Schockla mëschen an zum Schluss di geschloe Ram drënner hiewen.

Passiouns Gelee
500 gr Passiounsfruucht Purée oder Jus
50 gr Zocker
20 gr Gelatine

Am beschten den Dag virdrun preparéieren dass et gutt fest ass. Gelatine an d’kaalt Waasser leeën. De Purée mam Zocker liicht erhëtzen an d’Gelatine dobäi man a gutt vermëschen. Dann a kleng hallef Bullen afëllen, oder an eng grouss Plaque schëdden an dono dann schneiden.

Schocklas Biscuit
100 gr Eegiel
50 gr Eeër
70 gr Zocker

50 gr Miel
50 gr Kakaospudder
25 gr geschmolte Botter

125 gr Eewäiss
50 gr Zocker

D’Eegiel mat den Eeër an dem Zocker schaumeg schloen. De Kakaospudder mam Miel siften an mat der Botter zesummen ënnert Eeër mëschen. Eewäiss mam Zocker steif schloen an zum Schluss drënner hiewen. Dat ganzt an e Cader afëllen an epuer Kiischten driwwer streeën.

Am Uewen bei 170°C ongeféier 10-12min baken.

Glasur:
500 gr Ram
400 gr schwaarze Schokola

Ram erhëtzen an op de schwaarzen Schokola schëdden. Dat ganzt zu enger homogener Mass verréieren.


Zesummesetzung: Als éischt fänken mer un den Gelee ze preparéieren, dee brauch am längsten Zäit fir ofzekillen a fest ze ginn. Als nächst dann de Biscuit. Wann dee fäerdech ass, loosse mer en um Dësch kal ginn, a kënnen en dann austiechen.
Wann die zwou Saachen gemat sinn, maachen mer réischt eis Mousse. D'Mousse e bëssen an d’Form afëllen, dann de Gelee drop, an erëm mat der Mousse bedecken. Zum Schluss nach de Schocklas Biscuit drop, an an den Tiefkühler.

Wann et gutt fest ass, aus der Form huelen, op e Gitter maachen, an mat der Glasur iwwerzéien.