Bake mam CaroleTonka Stick
Wat ass en Tonka Stick? Hei gitt Dir et gewuer!

Schokolas Biscuit
100 gr Eegiel
50 gr Eeër
70 gr Zocker
50 gr Miel
50 gr Kakaospudder
25 gr geschmolte Botter
125 gr Eewäiss
50 gr Zocker
D’Eegiel mat den Eeër an dem Zocker schaumeg schloen. Den Kakaospudder mam Miel siften a mat dem Botter zesummen ënnert d’Eeër mëschen. Eewäiss mam Zocker steif schloen an zum Schluss drënner hiewen.
Dat ganzt an e Cader afëllen an e puer Kiischten driwwer streeën. Am Uewen bei 170°C ongeféier 10-12min baken.
Cremeux Tonka
340 gr Ram
40 gr Zocker
4 Bounen Tonka
75 gr Eegiel
125 gr Mëllech Schokola
125 gr Schwaarze Schokola
Ram am Zocker opkachen, Tonka Bounen kleng haken an dobäi man. Dat ganzt 10min anzéie loossen. Ram duerch e Sift schëdden an zesummen mam Eegiel opkachen ënnert stännegen réieren. Dann op de Schokola schëdden a lues a lues vermëschen.
Nëss Dacquoise
190 gr Eewäiss
190 gr Zocker
50 gr Pudderzocker
160 gr Nësspudder
50 gr Miel
Eewäiss mam Zocker zu Schnéi schloen. Lues a lues de Pudderzocker, Nësspudder a Miel ënnerhiewen. Op e Blech schëdden a glat sträichen. Am Uewen bei 170°C ongeféier 12min baken, bis et eng liicht goldeg Faarf huet.
Tonka Schlagsahn
700 gr Ram
23 gr Tonka
135 gr Zocker
14 gr Gelatine
600 gr geschloe Ram
Den éischten Deel Ram mat de gehkten Tonka Bounen opkachen an 20min zéie loossen. Dann d’Ram mam Zocker erhëtzen an zum Schluss Gelatine dobäi man. Ofkille loossen op 20°C ongeféier. Lues a lues mat der geschloener Ram vermëschen. Dës Mass ass zimlech flësseg am Ufank, mee wann se richteg gutt kal gëtt, gëtt se fest.
Zesummesetzung: D’Halschent vum Cremeux op de Schokolas Biscuit schëdden a glat sträichen. Dann d’Dacquoise drop an den aner Deel Cremeux drop verdeelen. An den Frigo oder Tiefkühler gutt killen. Als läscht dann Schlagsahn drop schëdden. Iwwer Nuecht ofkillen loossen an den aneren Dag schneiden.
Vill Spaass beim baken!

