Bake mam CarolePamplemousse – Bir – Mandel Taart
E super Dessert mat direkt 2 verschiddene Varianten an absolut ze probéieren!

Grondrezept fir den Deeg
250 gr Miel
125 gr Botter
50 gr Pudderzocker
1 Eegiel
30 gr Waasser
Salz
Miel an de Botter zwëschen den Hänn verbröselen. Pudderzocker dobäi ginn a weider mëschen, zousätzlech Eegiel, Waasser an eng Grimmel Salz dobäi man. Gutt duerchknätschen. An Plastiksfilm apaken an iwwer d’Nuecht roue loossen.
Den Deeg ausrullen an an d’Form leeën.
Frangipane (Mandel Crème)
500 gr Botter
500 gr Zocker
9 Eeër
500 gr Mandelpudder
50 gr Miel
Rhum
De mëlle Botter mam Zocker schaumeg schloen, no an no d’Eeër dobäi man, gutt mëschen. Dann de Mandelpudder an d’Miehl drënner mëschen.
Zum Schluss nach e klengen Schotz Rhum.
D’Mandelcrème sprëtzen mir elo an eisen ausgeluechten Deeg, dann dat ganzt zesumme bei 180°C ongeféier 12min baken bis et goldbrong ass.
Aus dem Uewen huelen an mat Sirop besträichen.
Fir de Sirop
100 gr Zocker
100 gr Waasser
Vanille
Garniture:
Pamplemousse
Eng Béchs Biren
Pamplemoussen ginn a Filete geschnidden, an d’Bire längs no an 8 schneiden. Wann d’Taart mat der Mandelcrème ofgekillt ass, Pamplemousse an d’Biren ofwiesselnd ronderëm leeën.
Eng aner Variant fir dës Taart:
Virum Baken di hallef Biren an d’Mandelcrème leeën. Dann alles zesummen am Uewen ausbaken.
Vill Spaass beim Baken!

