Bake mam CaroleTerrine vu wäissem Kéis mat Rubarb Compotte

Eng Terrine muss net ëmmer mat Fleesch oder Geméiss sinn. D'Carole weisst wéi dat geet!

Terrine
- 500gr wäisse Keis
- 300gr Zocker
- 70gr Maïzena
- 70gr Ueleg
- 500ml Mëllech
- 2 Eeër
- Orange an Zitrounzesten
- 1 Staang Vanille

Di ganz Ingredientë noeneen mateneen mëschen, mat Orange an Zitrounenzestes verfäineren, eng Staang Vanille drënner mëschen. An eng Plaque schëdden, mat Bakpabeier drënner. Ab an den Uewen bei 180°C fir 35 Minutten.

Aus dem Uewen huelen an am Frigo ofkillen loossen. Da belibeg schneiden oder aus stiechen.

Compotte
- 300gr frësche Rubarb
- 50gr Hunneg
- 100gr Zocker
- 100ml Orangejus
- Orangezesten

Den Hunneg mam Zocker an enger Casserolle carameliséieren loossen, di frësch geschnidde Rubarb dobäi man. Gutt duerch mëschen an den Orangejus dobäi man. Orangezesten dra reiwen a gutt köchelen loossen.


Den Dessert verfäineren:
Dat ganzt kann nach belibeg verfäinert ginn, mat entweder e bëssen Zocker, fir déi, di et méi séiss léiwer hunn, oder mat Gewierzer!

Vill Spaass beim Baken!