Bake mam CaroleQuetsche Cake
Einfach a ganz lecker!
Vun RTL

Rezept
- 6 Eeër
- 300gr Zocker
- 150gr Ueleg
- 150gr Spruddelwaasser
- 450gr Miel
- 2 Päckecher Bakpolver
- Vanille
Eeër mam Zocker schaumeg schloen an d’Vanille dobäi ginn. Lues a lues den Ueleg an d’Spruddelwaasser dobäi man. Gutt mëschen, an zum Schluss d’Miel an den Bakpolver drennermëschen.
An eng Plaque schëdden, frësch Quetschen drop verdeelen, an am Uewen bei 190°C ongeféier 25min bake loossen.
Natierlech kann een dat mat all belibeg Friichten maachen, a souguer mat Geméis, wéi elo zum Beispill Spargelen! Da just manner Zocker a méi Salz draman.
E gudden Appetit !!

