Bake mam CaroleRout Friichten Kuch

E liichte Kuch fir all Occasioun!

Biscuit

8 Eeër
240gr Zocker
240gr Miel

Eeër mam Zocker opstoen an iwwert dem Bain-marie op 40°C schloen. Dann an den Batteur oder mam Handmixer schaumeg schloen, bis et ofgekillt huet.

Lues a lues d’Miel drënnerhiewen.

 De Biscuit op 3 Placke verdeelen an am Uewen op 180°C ongeféier 8min baken, bis se goldbrong sinn.

 2 Erlee Moussen

500 gr Äerdbier Purée / Hambier Purée
80 gr Zocker
500 gr geschloe Ram
20 gr Gelatine

Gelatine an d’kaalt Waasser leeën. De Purée mam Zocker liicht erhëtzen an d’Gelatine dobäi man a gutt vermëschen. Zum Schluss di geschloe Ram drënnerhiewen.

Zesummesetzung:

Den éischte Biscuit an de Kader leeën, di éischt Schicht Hambier Mousse drop, dann den nächste Biscuit drop an d’Äerdbier Mousse. De leschten Biscuit drop leeën an de Recht vun der Hambier-Mousse drop verdeelen. Schéi glat sträichen an iwwer Nuecht am Frigo ofkille loossen.