Bake mam CaroleNewYork Style Cheesecake

Ween huet loscht op eng gutt Kéisstaart?

Buedem:

15-20 Graham Crackers / Hobbits vu Brandt
90ml  geschmolltene Botter
30gr Zocker
1 Prise Salz

Kichelcher kleng bröselen, mat dem geschmolltene Botter vermëschen, dann den Zocker an de Salz dobäi.

Bakform gutt afetten a mat Bakpabeier ausleeën. Dës Mass an d’Bakform fëllen a platt drécken. An den Frigo stellen, bis dass Cheesecakemass och fäerdeg ass.

Cheesecake (26cm)

1,5kg              Philadelphia Frischkäse
450gr             Zocker
70gr                Miel
240ml             Sauerrahm
Vanill
5 grouss         Eeër

Dës Ingredienten alleguer noeneen mateneen mëschen. Op de Biscuit schëdden. Dat ganzt gëtt elo am Uewen gebak.

45min bei 180°C an dann 160°C nach emol 30min baken.

Aus dem Uewen huelen an am beschten iwwer Nuecht ofkille loossen.