FuerschungVernennen a kierperlech Strofen net positiv fir Entwécklung

Zu där Konklusioun koumen d'Fuerscher vun der Universitéit vu Pittsburgh, nodeem si 10 Joer laang iwwer 1.000 Jonker observéiert hunn.

© AFP

Eng streng Erzéiung schued der Leeschtung an der Schoul. Zur där Conclusioun kënnt eng nei Etude, déi am Magasinn „Child Development“ publizéiert gouf.

Jonker, déi mat haarder Hand erzu ginn, dat heescht, déi gejaut kréien, souguer geschloe ginn an deene mat verbalen oder kierperleche Strofe gedreet gëtt, orientéiere sech méi staark u Frënn amplaz un hiren Elteren. Si si léiwer bei de Kollegen amplaz Hausaufgaben ze maachen. Oder hale sech net u Regelen, fir hire Frënn ze gefalen.

D'Fuerscher vun der Uni vu Pittsburgh am US-Bundesstaat Pennsylvania hunn d'Date vun 1.060 Jonken analyséiert, déi 10 Joer laang observéiert goufen.

Si hu festgestallt, datt Kanner, déi op 7e ganz streng an aggressiv erzu goufen, zwee Joer méi spéit d'Frënn als méi wichteg ugesinn, wéi sech doheem u Regelen ze halen. Op 11e, respektiv 2e, hate si méi e riskant Verhalen, sinn éischter kriminell ginn, wéi Jonker, déi méi moderat erzu goufen. Meedercher ware méi fréi sexuell aktiv. Alles dat wierkt sech natierlech op de Succès an der Schoul aus.

D'Fuerscher weise sech net iwwerrascht iwwer d'Resultater. D'Etude géif kloer weisen, datt Vernennen a kierperlech Strofen net positiv wäre fir d'Entwécklung vu jonke Leit.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.