WHO an UnicefEtude: Just 40% vun de Puppelcher ënner 6 Méint gi geniert

Weltwäit gi just 40% vun all de Bëbeeën ënner sechs Méint exklusiv geniert. Dat geet aus enger Etüde vun der Weltgesondheetsorganisatioun ervir.

E Kand ka bis zu 2 Joer geniert ginn, seet d'WHO.© AFP
Mammemëllech ass wéi eng éischt Impfung fir d'Kand a protegéiert de Puppelchen viru méiglecherweis déidlechen Infektiounen a gëtt him déi Nahrung, déi et brauch fir ze iwwerliewen an ze wuessen, sou de Chef vun der Weltgesondheetsorganisatioun bei der Presentatioun vun der Etude. Ausgeschafft gouf d'Etude vun enger gemeinsamer Initiative vun der WHO an der Unicef, déi sech fir d'Nieren asetzt. D'Organisatiounen recommandéieren, dass Kanner bis zwee Joer, kënne geniert ginn. Déi éischt sechs Méint vun hirem Liewen sollen si nëmme Mammemëllech kréien.