TNS-Ilres Ëmfro?Wat kënnen déi jonk Generatiounen vun den Eelere léieren?

Mat där Fro huet sech TNS Ilres beschäftegt, an de Leit zum Beispill d’Fro gestallt, wéi et do mat der Héiflechkeet ausgesäit.

76 Prozent vun de Persoune déi befrot goufen, soen dann, datt sech Jonker do eng Scheif vun der eelerer Generatioun kéinten ofschneiden. Beim Respekt vis-à-vis vun anere sinn et 72 Prozent. Een Drëttel vun de Leit mengt, datt déi Jonk sech kéinten e puer Rotschléi bei der eelerer Generatioun huelen, fir méi vum Liewen ze profitéieren.

Nëmme 5 Prozent mengen, datt déi eeler Generatioun der méi Jonker eppes am Beräich vun den neien Technologien kéint bäibréngen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.