An den EntwécklungslännerDäitlech Ongläichheete beim Taux vun de Gebuerten

Weltwäit kréien aarm Meedercher dräimol sou vill Kanner wéi déi räich. Dat gouf an engem neie Rapport vun de Vereenten Natiounen festgehalen.

© AFP Archivbild
Weider Nodeeler weise sech am Verglach tëscht de Geschlechter. Sou verdénge Fraen an der weltwäiter Moyenne nëmme 77% vun deem, wat Männer kréien. Donieft si ronn zwee Drëttel vun de Fraen Analphabeten.

An den Erklärungen heescht et, dass vill aarm Meedercher méi Kanner kréien wéi räicher, well si net genuch opgekläert sinn a keen Accès zu Contraceptiounen hunn. Och hu si wéineg Bildung a kommen aus sozial prekäre Milieuen. Fir Ongläichheeten ofzebauen, wieren dowéinst Opklärung a Contraceptioun déi effikassten Usätz, heescht et vun Experten.

An deem Kontext recommandéieren d'Vereenten Natiounen d'Schafe vun engem universelle soziale Mindestschutz, deen e séchert Grondakommes a liewenswichteg Servicer ofdeckt. Och wier et wichtegt d'Kannerbetreiung auszebauen, fir dass Fraen kënne weider schaffe goen.