StatecDéi populärst Nimm zu Lëtzebuerg sinn Emma a Gabriel

6'050 Kanner sinn zejoert hei am Land op d'Welt komm, liicht méi Bouwe wéi Meedercher.

De Gebuertentaux ass relativ stabel, läit bei 1,4 Kand pro Fra, dat huet de Statec en Donneschdeg geschriwwen. Dat ass méi niddreg wéi d'EU-Moyenne vun 1,58. Frankräich huet deen héchsten Taux an Europa mat bal zwee Kanner (1,96) pro Fra.

Hei am Land kruten zejoert 236 Elteren Zwillingen an 3 Mol koumen Drillingen op d'Welt.

D'Mamme sinn haut dann ëmmer manner dacks bestuet a kréie mat iwwer 30 Joer (30,4) méi spéit hiert éischt Kand.

Wat d'Nimm vun de Kanner ugeet, waren zejoert bei de Lëtzebuerger Emma, Mia a Julie am beléiftsten. Bei de Bouwen huet de Leo dominéiert, viru Ben a Luca.

Bei den auslännesche Gebuerte louche Gabriel, virun David an Enzo, an och Emma, viru Sofia a Lara, ganz vir an der Gonscht vun den Elteren.

Am allgemenge Ranking sinn déi populärts Nimm: Emma, Mia a Lara fir d'Meedercher a Gabriel, Luca an Noah fir d'Jongen.


PDF Etude Statec

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.