"Wëlls du mäi Mann ginn"Romantesch Fro direkt no Gesetzesentworf fir Homo-Mariage

Nodeems e Gesetzesentworf fir den Homo-Mariage deposéiert gouf, huet en Deputéierten säi Liewenspartner am Parlament gefrot, fir en ze bestueden.

Méi romantesch kann een et jo bal net maachen! En australeschen Deputéierten huet, nodeems e Gesetzesentworf fir den Homo-Mariage deposéiert gouf,  nach am Parlament d'Fro vun de Froen u säi Liewenspartner gestallt. "Ryan Patrick Bolger, wëlls du mech bestueden?", huet de Liberalen Tim Wilson säi Partner gefrot. Dee souz deen Ament am Public, an e sot och direkt "Jo". Dat ganzt Parlament hätt duerno applaudéiert.

De Parlamentspresident Rob Mitchell huet dat Ganzt per Protokoll festgehalen an sengem Kolleg Tim Wilson niewebäi och nach gratuléiert.

D'Koppel ass zanter 9 Joer zesummen an déi 2 wieren an där Zäit vun der Gesellschaft ausgegrenzt ginn. Mam Depot vum Gesetzesentworf dierft sech elo Villes änneren. D'Gesetz dierft nach viru Chrëschtdag gestëmmt ginn. De Senat huet scho säin Accord ginn an och d'Bierger an Australien hunn, an enger net contraignanter Bréifwal zu ronn 62% fir d'Bestietnes fir gläichgeschlechtlech Koppele gestëmmt. Do virdrun war jorelaang an Australien iwwert de Sujet debattéiert ginn.