Un der Etüd an enger Klinik zu Boston am US-Bundesstaat Massachusetts hunn tëscht 2000 an 2017 iwwer 650 Männer matgemaach. Gutt d'Halschent vun hinnen hunn et léiwer méi lëfteg an der ënneschter Regioun. Bei der Ënnersichung vun hirer Sperma-Flëssegkeet konnt nogewise ginn, dass si däitlech méi grouss Chancen hunn, eng Kéier Kanner ze produzéieren, wéi déi Männer mat Slippen an enke Boxen.
Och op laangt Sëtzen an ze waarm bueden sollte Männer mat groussem Kannerwonsch verzichten, heescht et an der Etüd. Fir d'Produktioun vu Sperma ass nämlech eng Temperatur, déi 3 bis 4 Grad ënnert der Kierpertemperatur ass, ideal.
Donieft hätten awer och nach aner Facteuren en Afloss op déi männlech Fruchtbarkeet. Wichteg ass och kierperlech fit ze sinn, op Tubak ze verzichten an natierlech déi genetesch Veranlagung.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.