Women's Economic ForumD'Prinzessin Tessy krut "Woman of the Decade"-Auszeechnung

Enn Januar um "Women's Economic Forum" ass d'Prinzessin Tessy vun der "All Ladies League" ausgezeechent ginn.

Si war bannent deene leschte Joren a Wueltätegkeetsveräiner aktiv an huet och vill mat ONGen zesummegeschafft. Si ass zum Beispill globalen Ambassadeur fir UNAIDS fir jonk Fraen a Meedercher an der Pubertéit. Si huet och hir eegen ONG an d'Liewe geruff mat "Professors Without Borders".