Abroch beim Alanis MorissetteGéigestänn am Wäert vun 2 Milliounen Dollar geklaut

Am Alanis Morissette sengem Haus gouf agebrach. D'Raiber hu sech mat 2 Milliounen Dollar aus dem Stëbs gemaach.

© AFP Archivbild
Der kanadescher Sängerin Alanis Morissette goufen dem Lifestyle-Site "TMZ" no Bijouen an aner Géigestänn am Wäert vun ëmgerechent 1,88 Milliounen Euro geklaut. D'Abriecher hunn den Tresor an der Sängerin hirer Residenz a Brentwood, engem bessere Quartier zu Los Angeles, geknackt an eidel gemaach. D'Alanis Morissette selwer war zu där Zäit net doheem. Déi lokal Police huet den Abroch confirméiert, ouni dobäi allerdéngs der Sängerin hiren Numm ze nennen.

Et ass net déi éischte Kéier, dat d'Morissette beklaut gouf. Virun zwou Wochen huet hire fréiere Manager Jonathan Todd Schwartz virun Geriicht zouginn, sech ëm ronn 4,8 Milliounen Dollar vun der Sängerin hire Konte beräichert ze hunn. D'Morissette hat den Schwartz leschte Mee virun d'Geriicht bruecht. Si schätzt, dat hier duerch schlechte Management a Bedruch ronn 15 Milliounen Dollar verluer gaange sinn. Dem Schwartz steet elo méiglecherweis eng Prisongsstrof vun e puer Joer bevir.

D'Morissette ass jéngst vun ënnerschiddleche Quellen op 45 Milliounen Dollar geschätzt ginn. D'Sängerin ass mat sengem Album "Jagged Little Pill" aus dem Joer 1995 bekannt ginn, op deem Chart-Lidder wei "Ironic" oder "You Oughta Know" drop sinn. Fir deen Album krut si mat nëmmen 21 Joer hiren éischte Grammy Award.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.