E MilliardegeschäftWéi kommen d'Rouse fir Vältesdag an Europa - VIDEO

Et ass e Business, dee floréiert. Fir d'Cargolux ass et nawell en Challenge fir déi 4 Millioune Valentinsrousen séier vun Nairobi op Amsterdam ze kréien.

Reportage: D'Rees vun de Rousen fir Vältesdag (15.02.2017)
Wéi en Challenge ass ëtt fir d'Cargolux fir 4 Milliounen Rousen an kierzester Zaït vun Nairobi op Amsterdam ze kréien, wou se dono wéiderverkaf ginn?

Gutt 1.Drëttel vun de Rousen an Europa kommen aus Kenia, well do spréissen se d’ganzt Joer iwwer. Vun Geschäft mat de Blummen liewen iwwer eng hallef Millioun Léit . A grad elo fir Vältesdag ginn op de Farmen am Ostafrikanesche Land nach emol 30 % méi Rousen gezillt, an an d'Welt exportéiert. Dat ënnert anerem och mat der Cargolux, déi zanter 20 Joer och frësch geschnidden Blummen transportéieren. 4 Grad, sou kaal soll et fir d Rees am Bauch vun der Boeing 747-8 sinn fir dat d'Rousen och nach no Vältesdag laang wéider bléien.

De Gros vun de Rousen kënnt aus Südamerika an Afrika, dovun iwwer een Drëttel aus den Ziichtereie bei Nairobi. Do spréisse se d’ganzt Joer iwwer.

© RTL Télé Lëtzebuerg


Vum Business mat de Blummen liewen ëmmerhin iwwer eng hallef Millioun Léit. A grad fir Vältesdag ginn op de Farmen am Ostafrikanesche Land nach emol 30 % méi Rouse gezillt, an an d'Welt exportéiert.

© RTL Télé Lëtzebuerg


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.