Eng pelzeg Affär am SaarlandPolice fänkt 23 Kanéngercher an

Nodeems de Besëtzer an Untersuchungshaft komm ass, konnten d'Déieren net sech selwer iwwerlooss ginn.

© AFP Archivbild
Ee ganz besonneschen Asaz gouf et dësen Donneschdeg am Saarland. Eng Riichterin hat de 26 Joer ale Besëtzer vun am ganzen 33 Kanéngercher, dee wéinst Kierperverletzung a Beschiedegung vun der Police gesicht gouf, an Untersuchungshaft gesat.

Well sech kee méi ëm d'Déiere konnt këmmeren, huet d'Riichterin d'Police gebieden, d'Kanéngercher aus dem Mann senger Wunneng ze retten. Am Bericht vun der Police heescht et, bei der Aarbecht wier hinnen "de Schweess" komm. No der erfollegräicher Juegd sinn d'Déieren an d'Déierenasyl komm. An enger anerer Wunneng zu Saarbrécken huet de Mann weider 10 Kanéngercher gehalen. Hei huet dat lokaalt Déierenasyl d'Police allerdéngs entlaascht an huet d'Déiere selwer agesammelt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.