HessenDoudegt Krokodil um Trëttoir entdeckt

Zu Schlitz, eng 150 Kilometer vu Frankfurt ewech, gouf en Donneschdeg de Moien en doudegt Krokodil um Trëttoir entdeckt.

© AFP Archivbild
D'Leit, déi an der Géigend wunnen, hätten dat 1 Meter laangt Déier fonnt. Ma et ware schonn aner Déieren un de Kadaver friesse gaangen. D'Krokodil soll elo am Labo ënnersicht ginn. De Besëtzer vum Déier gëtt och nach gesicht. D'Police waart elo op Hëllef aus dem Duerf.