BelschKinnigin Paola wéinst Fraktur am Been am Spidol

Déi 78 Joer al Kinnigin gouf um Donneschdeg an d'Spidol ageliwwert, well si eng Fraktur am Uewerschenkel huet.

© RTL.be
Um "Col du Fémur" also am Uewerschenkel-Hals soll d'Kinnigin e Broch hunn. Dowéinst koum si en Donneschdeg an d'Uni-Clinique Saint-Luc zu Bréissel, wou d'Monarchin och operéiert gëtt. Dat huet de belsche Palais Royal matgedeelt.

Schonn am Dezember war si wéinst engem Broch am Spidol a war dowéinst nach ëmmer mat der Reeducatioun am Gaangen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.