Prinzessin Cristina fräigesprachHire Mann Iñaki Urdangarin krut 6 Joer an 3 Méint Prisong

A Spuenien ass de Mann vun der Infantin Cristina am Korruptiounsprozess zu 6 Joer an 3 Méint Prisong veruerteelt ginn.

© AFP
Dem Iñaki Urdangarin gëtt reprochéiert, zesumme mat engem fréiere Geschäftspartner iwwert hir Stëftung 6 Milliounen Euro aus der Staatskeess verontreit ze hunn. Senger Fra, d'Schwëster vum Kinnek Felipe, ass vum Virworf vun der Bäihëllef zum Steierbedruch fräigeschwat ginn.

© AFP