Britesch PressPrënz Louis a Prinzessin Tessy goufen um Freideg gescheet

D’britesch Press schreift, dass de Prënz Louis a seng Fra Tessy sech an enger sougenannter Blëtzprozedur offiziell zu London scheede gelooss hunn.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Esou eng Zort Scheedung ass a Groussbritannien ënnert gewëssene Konditiounen erlaabt, an déi waren hei erfëllt.

De Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy ware bei der Scheedung selwer net present.

D'Koppel war den 29. September 2006 mat grad emol 20 Joer zu Gilsdref bestuet ginn. Dat kuerz no der Gebuert vun hirem éischte Kand, dem Prënz Gabriel Michael Louis Ronny. Ee Joer drop koum hiren zweete Bouf op d'Welt, de Prënz Noah Etienne Guillaume Gabriel Matthias Xavier. Déi zwee Kanner hunn haut 10, respektiv 9 Joer.

De Prënz Louis war deemools eréischt 19 Joer al, wéi public gouf, datt e géif Papp ginn. Haut ass den 3. Bouf vum Grand-Duc Henri 30 Joer al. Bei der Hochzäit mat der biergerlecher Tessy – si war deemools Zaldotin – huet hien op seng Plaz an der Trounfolleg verzicht.

De groussherzoglechen Haff hat Mëtt Januar offiziell matgedeelt, dass sech de Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy géife scheede loossen. 

De Prënz Louis an d'Prinzessin Tessy loosse sech scheeden

De kompletten Artikel vun der britescher Zeitung "Daily Mail":

Prënz Louis a Prinzessin Tessy goufe gescheet