Nei Strategie vun enger norwegescher ZeitungFir d'éischt liesen, da kommentéieren ...

Wee keng Ahnung huet, huet och keng Meenung, sot emol de fréieren däitsche Minister Joschka Fischer.

En Internetsite aus Norwegen probéiert elo en neie Wee fir géint Haasscommentairen a Gepöbels virzegoen ... d'Usere musse fir d'éischt liesen, éier se kommentéieren.

Jiddereen, dee kommentéiert, muss fir d'éischt 3 einfach Froen iwwert den Inhalt beäntwerten.

Et géif ee gesinn, datt vill Leit net vill méi wéi d'Iwwerschrëft géife liesen a sech dann drop lass stierzen, fir mat ze diskutéieren, seet de Chefredakter vun NRKbeta. Zil wär et, d'User, déi sech opreegen derzou ze bewegen, nach emol nozedenken, éier se e rosene Commentaire schreiwen.

D'Experiment leeft eréischt 3 Wochen, dofir kann een nach kee Bilan zéien. D'Zuel vun de Commentairë wär gläich bliwwen an et wär positive Feedback vun de Lieser komm.

All Journalist schreift iwwregens d'Froen zu sengem Artikel selwer. Dat géif villäicht 15 Minutten daueren, wär awer vill manner opwendeg wéi de Forum ze moderéieren an all d'Commentairen z'iwwerpréiwen, sou d'Redaktioun.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.