FotogalerieTraditionelle Seniore-Fuesbal zu Déifferdeng

De Sall war wéi ëmmer ganz gutt gefëllt an et waren nees vill flott Boke mat derbäi, vun deenen dann och déi schéinst mat Präisser belount goufen.

E Méindeg war deen traditionelle Seniorefuesbal vun der Déifferdenger Seniore-Kommissioun, dem Club Senior Prënzebierg, Servior an dem CIPA Nidderkuer am Hall de la Chiers zu Déifferdeng.

Déi Gemengeresponsabel hu sech och ënnert d'Vollek gemëscht an d'Stëmmung op d'Musek vum Käpt'n Ändä, dem Matrous K1000, dem Lisa an den Hüette Sharon a Susana war excellent!

© Petz Flammang


Den Erléis vum Nomëtteg kënnt dem Groupe cynotechnique Luxembourg an den Äerdbiewen-Affer vu Fiuminata zegutt.

© Petz Flammang