"Äre Korrespondent ass am Ament net ze erreechen"Mann rifft d'Police, well seng Fra net op den Telefon geet

Fir déi éischt Kéier an zwee Joerzéngter huet d'Fra den Apparat net opgehuewen.

Well seng Partnerin Owes net op den Telefon gaangen ass, huet sech ee Camionschauffer, deen dacks op laange Strecken ënnerwee ass, un d'Police geriicht. Wei d'Police aus Ludwigshafen matgedeelt huet, hätt de Mann sech Suerge gemaach, well seng Fra fir déi éischte Kéier a bal 20 Joer fir hiert allowendlecht Gespréich net ze erreeche war.

D'Police konnt kuerz dorop Entwarnung ginn. Nodeems si bei der Koppel hir Wunneng gefuer sinn, konnten d'Beamten d'Fra gesond a monter aus hirem Déifschlof erwächen. De besuergte Camionschauffer huet doropshi berouegt konnte ginn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.