Milliounen Dollar EntschiedegungVibrator-Hiersteller wéinst Datemëssbrauch verklot

De Vibrator "We-Vibe", deen iwwer eng Smartphone App gestéiert ka ginn, huet d'Donnéeën un d'Firma weider ginn, déi se op engem Server gespäichert hue.

© AFP
D'App huet vertraulech an intim Donnéeë vun de Notzer vum Vibrator un d'Firma weider ginn, dorënner, wéi staark de Vibrator agestallt ass a wéi dacks e benotzt gouf. Theoretesch wier et esou fir eng friem Persoun méiglech, fir engem anere säi Vibrator mat dem eegene Smartphone ze kontrolléieren.

Am Juli hate sech direkt e puer Notzer zesumme gedoen an haten zu Chicago géint d'Firma geklot, datt nodeem verschidden IT-Experte bei enger Konferenz op de Sécherheetsproblem bei We-Vibe opmierksam gemaach hunn.

An der leschter Woch huet een dunn eng Eenegung fonnt. D'Entreprise bezilt all Persoun, déi geklot huet, 10.000 Dollar Entschiedegung, dobäi kënnt een dann op ëm déi 3,75 Milliounen Dollar. Standard Innovation huet matgedeelt, datt ee frou wier, eng fair a vernënfteg Eenegung fonnt ze hunn, well d'Privatsphäre an d'Sécherheet vun den Date vun de Cliente wier hinnen enorm wichteg. Dowéinst hätt ee schonn am September nogerëscht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.