3. Kapesëtzung KaGePeNo e puer Minutte schonn all op de Still ...

E Freideg, de 17. Mäerz war déi 3. Kapesëtzung vum KaGePe am Centre de Loisirs zu Lamadelaine.

Wann e Sall ausverkaaft ass an no e puer Minutte stinn d'Leit alleguer op de Still: Dann ass Kapesëtzung vum KaGePe zu Rolleng am Centre de Loisirs!

Esou war et dann och nees e Freideg, 17. Mäerz op der 3. Editioun 2017. Flott Boken, ënnert hinnen och de Minister Claude Meisch, a Bommestëmmung, déi de Käpt'n Ändä, de Matrous K1000, d'Lisa an d'Hüetten Maria a Sharon mat all den Acteure vun der Kapesëtzung verbreet hunn!

D'Fotoe vun der drëtter Sëtzung si vum Tom Jean.

HAALT IECH UN: All d'Kapesëtzungen op ee Bléck.