E Mann mat ville Facetten De Sting am Exklusiv-Interview mat RTL

Viru sengem Optrëtt e Samschdeg an der Rockhal hat de Sänger eis en Exklusiv-Interview ginn.

© Sam Bouchon

E Samschdeg den Owend war den englesche Museker Sting fir e Concert an der Rockhal an huet virun engem begeeschterte Publikum, zum Deel zesumme mat sengem Fils Joe Sumner, Lidder vu sengem leschten Album "57th 9th" gespillt, awer natierlech och déi al bekannten Hits, déi en ënnert anerem mat Police produzéiert hat.

Virum Optrëtt huet de Sänger eis awer nach en Exklusiv-Interview ginn, an deem hie souwuel iwwer seng aktuell Musek geschwat huet wéi och iwwer Aktualitéitsthemen. De Sting ass e politesch intresséierte Mënsch, deen dat och ëmmer a sengen Texter verschafft. Op d'Thema Brexit ugeschwat, huet e säi Bedaueren ausgedréckt, hien huet gestëmmt fir an Europa ze bleiwen:

"Ech mengen d'Realitéit ass méi komplizéiert wéi de Slogan. An d'Leit hu fir e Slogan gestëmmt."

Den 13. November 2016 war de Sting dee Kënschtler, deen ee Joer no de schrecklechen Terrorattacken zu Paräis am Bataclan als éischten nees opgetrueden ass. E wichtegen Ament:

"Dat war kee politeschen Akt, mä eng emotional Äntwert. Ech hunn 1979 mat Police am Bataclan gespillt, also ech hat schonn eng Geschicht do a si hu mech gefrot fir do ze spille fir d'Reouverture. Mäin Job hat zwee Grënn: d'Éier vun den Affer an hire Familljen a vun den Iwwerliewenden, déi komm sinn, ze respektéieren, mä och fir dësen historesche Moment ze zelebréieren. Et waren zwou Saachen, déi sech géintiwwer stoungen. Ech sollt dem Publikum mäin Dilemma erkläre mat enger Gedenkminutt fir driwwer nozedenken, wat virun engem Joer geschitt ass. An dunn hunn ech e Lidd gespillt, mat deem ech meeschtens de Concert ophalen „Fragile“, wat e Lidd iwwer d'mënschlech Zerbriechlechkeet ass, dat huet an dëse Moment gepasst. Ech menge ganz Paräis war attackéiert ginn. Jidderee war attackéiert ginn deen Owend an ech wollt dat weise. Jidderee war concernéiert. Ech hunn d'Lidd zum Deel och op arabesch gesongen."

LINK: De Sting presentéiert säin eegene Wäin
LINK: E Samschdeg war de Sting zu Lëtzebuerg op Besuch

De Sting am RTL-Interview (01.04.2017)
E Samschden den 1. Abrëll war de Sting an der Escher Rockhal.


Méi iwwer den Interview mam Sting héiert Dir e Méindeg de Moien am Kiosk no hallwer 9.