Neie Klassifikatiouns-System fir HotellenWou 4 Stären drop stinn, sollen och 4 Stären dra sinn

Stellt Iech fir Dir bucht fir d’Vakanz e super Hotel vu 4 Stären, an sur Place ginn Är Erwaardungen enttäuscht. Domat soll Schluss elo sinn.

Reportage: Neie Klassifikatiouns-System fir Hotellen (05.04.2017)
Wou 4 Stären drop stinn, sollen och 4 Stären dra sinn! Dat soll de neie Klassifikatiouns-System fir Hotellen garantéieren.

Stellt Iech fir Dir bucht fir d’Vakanz e super Hotel vu 4 Stären, an sur Place ginn Är Erwaardungen enttäuscht. Kann mol virkommen, mee domat soll lo Schluss sinn – opmannst a 16 Länner! Et gëtt nämlech e neien Klassifikatiouns-System fir Hotellen, wou all Betrib no de nämmlechten Critèren bewäert a klasséiert gëtt. Och zu Lëtzebuerg gouf dee System lo agefouert.

Wann een hautdesdaags en Hotel online buche wëll, geet een dacks virdrun Fotoe kucken, Präisser vergläichen a Bewäertunge liesen. Ma versprécht d'Unzuel vun de Stären och wierklech, datt ee gutt gefall ass a punkto Hotel a gebuede Leeschtung?

Fir béiss Iwwerraschungen z'evitéieren gëtt et en neie Klassifikatiouns-System a 16 Länner, dorënner och Lëtzebuerg. All Betrib gëtt no den nämmlechten Critèren bewäert a klasséiert.