KanadaOnéierlecher hunn eng Funkantenn vun 20 Meter geklaut

D'Police vun der kanadescher Provënz Manitoba steet virun engem Rätsel, do gouf nämlech eng Antenn vun 20 Meter geklaut.

© AFP

Den Tuerm an der Héicht vun engem sechsstäckegen Haus wier vun den Täter a seng Eenzeldeeler zerluecht ginn a mat enger Camionnette oftransportéiert ginn, sou de Robert Daisley vun der lokaler Gendarmerie (GRC).

D'Funkantenn stoung an der Géigend vun Egg Lake, ronn 700 Kilometer nërdlech vu Winnipeg. Do sollt d'Antenn d'Funksignaler an den Internet vun enger Schoul an der Regioun verstäerken. Dat gutt Stéck kascht dann och 5.000 kanadesch Dollar, ëmgerechent 3.500 Euro. D'Installéiere kascht nach emol 3.000 Euro.

D'Police geet dovun aus, dass d'Brigangen d'Antenn notze wëllen, fir sech Internet oder Reseau fir den Handy ze verschafen. Hinne blitt eng Prisongsstrof vu bis zu 10 Joer.