Rock de Bësch16 Haiser vu Caritas Jeunes et Familles um Neihaischen

Fir d'Kanner tëscht 4 an 12 Joer goufen Aktivitéiten um Neihaischen ugebueden.

D’Kanner aus de Maison Relaise vu Caritas Jeunes et Famille hunn en Dënschdeg en Dag am Bësch verbruecht. Wéi all Joer goufen mam Spillmobil vun Young Caritas Aktivitéite fir Kanner vu 4 bis 12 Joer organiséiert. Op eng spilleresch Manéier konnte sech déi Kleng um Site vun de Guiden a Scouten um Neihaische musikalesch ausdrécken.

Caritas: Rock de Bësch / Reportage Monika Camposeo

Queesch duerch d’Land ware 16 Haiser vun Caritas Jeunes et Famille en Dënschden um Neihaischen. D’Thema dëst Joer war Rock de Bësch.  Ronn 30 Volontäre ware fir de Projet op der Platz. Si hunn déi verschidden Aktivitéite betreit, déi de Kanner spilleresch sollen d’Loscht un der Musek vermëttelen. D’Ateliere sinn no engem pedagogesche Konzept erstallt ginn, sou d’Nathalie Gross, Responsabel vum Spillmobil vu Young Caritas.

Et ass villes nom Weltatelier opgebaut, datt d'Kanner also Saache selwer ausprobéieren a selwer erfuerschen, sou datt si also selwer zu Erkenntnisser kommen.

Bei deene villen Ateliere kënnen d’Kanner sech guer net entscheeden, wéieen dee Beschte war.

Fir déi Kleng vun 1 bis 4 Joer ass et an der Päischtvakanz esou wäit. D’Aktivitéite stinn dann awer ënnert engem aneren Thema: D'Welt begräifen.

Déi Grouss haten op jidder Fall e schéinen Dag um Site vun de Guiden a Scouten um Neihaischen.

Rock de Bësch (11.04.2017)
D’Kanner aus de Maison Relaise vu Caritas Jeunes et Famille hunn en Dënschdeg en Dag am Bësch verbruecht.