Video: Weltdag HeilpädagogieWat schafft eigentlech en Heilpädagog?

Zu Lëtzebuerg schaffen eng 100 Leit am Beruff vum Pédagogue curatif oder Heilpädagog.

Weltdag Heilpädagogie (13.04.2017)
Den 13. Abrëll ass den 1. internationalen Dag vun der Heilpädagogie.

Heilpädagogie/Reportage Christiane Kremer



Si begleeden an hëllefe Mënsche mat enger Behënnerung a Beanträchtegung a sinn als Profession de Santé unerkannt. Mä dacks ass net richteg gewosst, wéi hir Aarbecht ausgesäit. Doriwwer soll den 1. Internationalen Dag vun der Heilpädagogie um 13. Abrëll opklären.

D'Associatioun vun dem Pédagogues curatifs gesäit sech als Beruffsgrupp, déi d'Interête vun hire Membere vertrëtt, dobäi geet et souwuel ëm d'Qualifikatioun an d'Ausbildung, déi just am Ausland méiglech ass. Deene Schwaachsten an der Gesellschaft eng Ënnerstëtzung ginn, dat ass kuerz resuméiert d'Beruffsbild an d'Ethik vun den Heilpädagogen.

Haaptuleies ass et fir d'UNO-Behënnerterechtskonventioun, déi Lëtzebuerg 2007 ratifizéiert huet, ëmzesetzen. Zënter 2011 gëtt et och eng gesetzlech Basis dofir, sou d'Cathy Mangen. De Schattebericht vun der Uno mécht all 4 Joer e Rapport, wéi dës Konventioun an all Land ëmgesat ass. De Schattenbericht huet 2016 dann och e puer Punkten opgezielt, an deenen nach vill ze maachen ass. Dat geet vum Begrëff vun der Barrièrefräiheet iwwert d'Méiglechkeet vun der Ausbildung fir Jonker iwwer 16 Joer, bis bei politesch Fuerderunge wéi eng Quot vu behënnerte Mataarbechter a grousse Betriber.

Den 13. Abrëll ass net zoufälleg als internationalen Dag vun der Heilpädagogik gewielt ginn. Et ass den Doudesdag vum Schwäizer Heilpädagod Emil E. Kobi , deen 2011 gestuerwen ass an eng wichteg Aarbecht an dësem Beräich geleescht huet.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.