Grouss Loscht op e Burger8 Joer ale Bouf klaut den Auto vu sengem Papp

Well hien onbedéngt an e Fastfood-Restaurant wollt, huet en 8 Joer alen Amerikaner sengem Papp säi Van geklaut.

Wéi Weirton Daily Times, eng Zeitung aus dem US-Bundesstaat Ohio, mellt, hätt de Jong sech d'Autofueren iwwer verschidden online Video-Plattforme selwer bäibruecht.

Iwwert ee Kilometer ass hie mam Auto bis bei de Restaurant gefuer - begleet gouf hien iwwregens vu senger 4 Joer aler Schwëster um Bäifuerersëtz. D'Personal vun der Fastfood-Chaine huet gemengt, et géif ee si op d'Schëpp huelen, wéi de klengen hongerege Mann sech beim Drive-In presentéiert huet.

D'Eltere ware ganz gemittlech doheem ageschlof, bis si iwwer d'Aventure vun hire Kanner vun der Police informéiert goufen.

Eng Partie Tréine wären awer gefloss, wéi de Jong vun der Police matgeholl gouf ... ma dat hätt net ganz laang ugehalen. Wéi d'Strof ausgefall ass, ass net gewosst, ma den Cheeseburger an d'Nuggets huet hien awer däerfen iessen, sou d'Zeitung.