PandamaniaHolland freet sech iwwer seng Riesepanda-Koppel

Fir d'éischt Kéier zënter 3 Jorzéngten huet Holland nees eng Koppel Riesepandaen.

Grouss waren net nëmmen déi 2 Pandaen, mee och d'Begeeschterung bei de Leit, déi d'Madame Wu Wen an den Här Xing Ya e Mëttwoch den Owend um Fluchhafe Schipol gelant sinn. Vun do aus sinn déi 2 an den Ouwehands Déierepark op Rhenen bei Utrecht bruecht ginn.

10 Stonne waren d'Déieren ënnerwee, wéi si vun Chengdu aus Zentralchina an Europa bruecht gi sinn. Iwwer 100 speziell invitéiert Gäscht a Journaliste ware bei hirer Arrivée dobäi. Besonnesch de chinesesche Botschafter Wu Ken war frou, datt esou vill Leit komm waren, fir de Besuch ze begréissen. Et wär e grousse Schratt an de bilaterale Relatiounen tëscht China an Holland, sou de Botschafter.


Bis d'Visiteuren d'Panda-Koppel am Zoo kënne besichen, dauert et awer nach e bëssen: 6 Woche mussen déi zwee elo an der Quarantän verbréngen. Ma dono hunn d'Leit awer genuch Zäit, well den déiresche Besuch fir 15 Joer soll an Holland bleiwen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.