Happy Birthday!De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien feiere Gebuertsdag

De 16. Abrëll gëtt um groussherzoglechen Haff all Joer en duebele Grond fir ze feieren. De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hu Gebuertsdag.

De Grand-Duc Henri ass um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d'Welt komm.

Den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg ass zanter dem 7. Oktober 2000 de Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Säi kompletten Titel ass "Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein".

De Grand-Duc Henri feiert dëst Joer also op Ouschtersonndeg säin 62. Gebuertsdag.

Dat zweet Gebuertsdagskand um Haff ass dann haut de jéngste Fils vun der groussherzoglecher Koppel, de Prënz Sébastien. Hie kritt 25 Joer.

Son Altesse Royale le Prince Sébastien, Henri, Marie, Guillaume, Prince de Luxembourg, Prince de Nassau et de Bourbon-Parme - wéi de Prënz mat sengem ganzen Numm heescht, ass de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.