No United-Airlines TëschefallNet eescht gemengt Videoguiden: Sech am Fliger verteidegen

Am Internet fënnt ee schonn e puer Videoen, wéi ee sech am Fliger wiere kann, wann ee erausgehäit soll ginn... Hei 2 net ganz eescht gemengt Guiden.

Zwee Kampfsportler hunn op de Skandal bei United-Airlines reagéiert an e kuerze Video gedréint mam Titel: "United Airlines Self Defense against dragging". Déi zwee Kampfsportler weisen e puer Manöver, wéi ee sech géint duerch de Fliger zéie wiere kann...




An engem anere Video weist de Master Ken, wéi ee sech nach a sengem Sëtzt géint en Ugräifer, deen een aus dem Fliger zéie wëll, wiere kann.




Ma eppes ass awer ganz kloer fir de Master Ken. Wann ee sech géint esou eppes wiere wëll, muss ee mat enger méi frëndlecher Fluchgesellschaft fléien.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.