Sträit tëscht Moskau a KiewKeen ESC bei der Russescher Staatstëlee

Well déi russesch ESC-Kandidatin net an d'Ukrain areesen däerf, gëtt den Eurovision Song Contest net op der Russescher Tëlee iwwerdroen.

© AFP
Hannergrond vum ganze Sträit ass de Krim-Konflikt.

2015 hat d'Sängerin e Concert op där deemools scho vu Russland annektéierter Krim-Hallefinsel ginn. Duerno hat si dowéinst en Areesverbuet vun 3 Joer an d'Ukrain kritt. 

Russland schwätzt vun enger Diskriminéierung vis-à-vis vun hirer Sängerin.

D'Halleffinalle vum Eurovision Song Contest sinn de 9. respektiv den 11. Mai an der Haaptstad Kiew. Den 13. Mee ass d'Finale.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.